12 - Musek bedeit fir mech...?
Dës Kéier op Besuch ass de Pol Belardi, eng vun deenen dreiwende Kräften aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Zesumme mat him deelen d'Julie an de Chris hir Passioun fir Rieslingspaschtéiten a Live-Musek, schwäerme vum Helge Schneider a fannen eraus, wat Heineken a "Sex an engem Kanu" gemeinsam hunn.
Um Ordre du Jour stinn awer och eescht Themen: Schwéier Phase vum Liewen an deenen d’Musek e Ventil war, fir nees ze fillen. Oder firwat „musikalesche Fastfood“ geféierlech ass an natierlech och Corona. A bleift nees onbedéngt bis zum Schluss dobäi! De Pol huet eis nämlech säin eegent Rezept fir Schaarfen Ueleg verroden an huet eng Impro op där grujeleg verstëmmter Eldo-Ukulele hikritt!
Comments
New comment