Schaarfen Ueleg

Schaarfen Ueleg

22 - Bass du doheem fir z'iessen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz…
Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!

21 - Bass du am Bësch?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt!
Ausserdeem steigt d’Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d’Tréinen.

20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy…
Fir déi nei Episod sollt dir iech iwweregens onbedéngt e gudden Navi zouleeën, domat fënnt nämlech jiddereen de Wee op Paräis!

19 - Alles op dee leschte Stëppel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Als Kand huet d'Julie de Petit Robert gelies an de Chris d'Schoulvakanze gehaasst - esouwäit zu hire Streber-Sënnen aus der Primärschoul. An där neier Episod geet et awer virun allem dorëms wat et heescht am Coronajoer ze studéieren. Op Besuch ass dofir d'Karlsruher Studentin Polina Bashlay. Mat him schwätzen déi Zwee iwwert d'Aarbecht vun der ACEL, rätsele wéi een um Studentebal net komplett bei d'Kaz geet a si sech eens, datt een ënner Drock am beschte schafft.
Ausserdeem: D'Polina an de Chris streiden driwwer wéi ee Béier zu Karlsruhe gedronk gëtt an de Spuerfuuss Julie huet e kulinareschen Tipp aus senger Studentenzäit!

18 - Sex um Comptoire

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d’Julie an de Chris hunn d’Miss Mike an d’Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass?
Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d’Einschaltquoten ze pushen, d’Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.

17 - Wéi geet et dir?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Alles wat mat "Psy-" ufänkt ass och haut nach ëmmer e groussen Tabu an eiser Gesellschaft. An dobäi ass déi mental Gesondheet esou wichteg, grad elo, wou mir schonn e gutt Joer Coronavirus hannert eis hunn!
D'Julie an de Chris schwätze mam Psycholog Alex Monteiro iwwert d'Auswierkunge vun der Pandemie, stellen him ganz vill interessant Froe vun den Nolauschter:innen a stelle fest datt et Saache ginn, op déi esouguer e Psycholog keng Äntwerte weess...

16 - Eng gutt Hameschmier!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi krass Caféen a Restauranten zu eisem soziale Liewen dozou gehéieren, ass eis spéitstens zanter deem éischte Lockdown bewosst ginn. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou traditionell eng zimmlech ausgepräägte Caféskultur gelieft gëtt. Elo mol nach bis Mëtt Mäerz bleift dee ganzen Horesca-Secteur awer zou.
An hirer neier Episod schwätzen d'Julie an de Chris mam Fabio, deen zanter 6 Joer selwer e Café huet. Wéi geet hie mat der Ongewëssheet ëm? Wéi gesäit et bei him Enn dës Mounts aus? A wéi erlieft hien d'Solidaritéit vun de Leit?
Ausserdeem klären déi zwee Minetter de Chris iwwert d'Rëmelenger Geschicht op an d'Julie keeft elo schonn Ticketen fir deen éischte Bal no Corona!

15 - Qualitéit iwwer Quantitéit

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Gutt erholl sinn d’Julie an de Chris zeréck aus der Wanterpaus. Hiren Invité ass dës Kéier de jonke Kaploun (spéidere Paschtouer) Vincent de Smet – e Beruff, dee wuel net bei Ville ganz uewen op der Wonschlëscht steet.
Wéi ass et op Sex a Bezéiungen ze verzichten? Wat huet säi Papp an der Kellertrap zu him gesot? Wat sinn seng Iddie fir méi Jonker fir d’Kierch ze begeeschteren? A wéi huet de Vincent deenen Zwee e reegelrechte Plot-Twist geliwwert? Äntwerten op ënnert anerem dës Froe kritt dir an där neier Episod!

14 - Schluss mat „Dat war schonn ëmmer esou.“

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi lescht Episod vun dësem Joer steet um Programm. Fir d’Julie an de Chris also Zäit hire ganz perséinleche Réckbléck vun 2020 ze maachen – ganz ouni Corona, versprach! Déi Zwee hunn nämlech decidéiert, iwwert en anert wichtegt Thema vun dësem Joer ze schwätzen: Black Lives Matter a Rassismus. Dofir war d’Kany Touré, selwer Freelance-Animatrice beim Eldo, op Besuch.
Zesummen hu si zum Beispill doriwwer geschwat wéi dacks si selwer Alldagsrassismus erliewen, wéi si domat ëmginn a wat oder wéini een eppes dogéint maache muss. D’BLM-Demo hei zu Lëtzebuerg an dem Kany seng Studienzäit zu Louisiana an den USA ware weider Themen. An zum Schluss gëtt dann och nach déi éiweg Fro „Julie oder Chris?“ gekläert!
Entdeckt dee schäerfste Réckbléck, mat engem Thema, zu deem an Zukunft hoffentlech kee méi seet: Mee dat war nach ëmmer esou.

13 - Eng gutt Fläsch Domina!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mat der Chrëschtzäit ass och nees d’Zäit komm dat Bescht aus dem Wäikeller ze huelen. Well de Chris an d’Julie weder ee Wäikeller hunn, nach genuch dovu verstinn, hu si sech den André Mehlen dobäi geholl. Hie schafft beim lëtzebuergeschen Wäibau-Institut, a konnt hinnen zielen wéi deier ee Wäin si muss, oder ob wat ee beim richen oppasse muss. Ma si sinn och gewuer ginn, wéi sech de Wäibau hei zu Lëtzebuerg geännert huet, a wéi vill Wäiner een am Institut all Joer hei schmaachen dierf.
Et goufen och e puer Raibergeschichten aus der Schmaachkommissioun, oder firwat ee kee rout Gedrénks mat enger wäisser Box kombinéiert. Entdeckt déi nei Folge op eldo.lu an alle bekannte Podcast-Plattformen!

About this podcast

Fir dem Chris an dem Julie hire Podcast brauch dir iech net waarm unzedoen, "schaarfen Ueleg" dreift iech och esou d'Schweesspärelen op d'Stir. Fir all Folleg si mir op der Sich no skurrillen, interessanten an aussergewéinleche Mënschen, déi eppes ze zielen hunn. Mir stellen déi Froen, déi eis op der Zong brennen.

Eemol de Mount op eldo.lu an all de bekannte Podcast-Plattformen!

by Julie Dupont, Chris Reuter

Subscribe

Follow us