Schaarfen Ueleg

Schaarfen Ueleg

12 - Musek bedeit fir mech...?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dës Kéier op Besuch ass de Pol Belardi, eng vun deenen dreiwende Kräften aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Zesumme mat him deelen d'Julie an de Chris hir Passioun fir Rieslingspaschtéiten a Live-Musek, schwäerme vum Helge Schneider a fannen eraus, wat Heineken a "Sex an engem Kanu" gemeinsam hunn.

Um Ordre du Jour stinn awer och eescht Themen: Schwéier Phase vum Liewen an deenen d’Musek e Ventil war, fir nees ze fillen. Oder firwat „musikalesche Fastfood“ geféierlech ass an natierlech och Corona. A bleift nees onbedéngt bis zum Schluss dobäi! De Pol huet eis nämlech säin eegent Rezept fir Schaarfen Ueleg verroden an huet eng Impro op där grujeleg verstëmmter Eldo-Ukulele hikritt!

11 - Do kanns de nach bis Mokuchsdag waarden!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An där neier Episod huelen d'Julie an de Chris sech vill Zäit fir iwwert en Thema ze schwätzen, dat hinne wierklech um Häerz läit an iwwert dat nach vill méi misst geschwat ginn: Mental Gesondheet. Dofir ass d'Marie op Besuch, dat op Instagram mat "Mokuchsdag" eng Plattform geschafen huet, op där genee doriwwer geschwat gëtt.
Déi 3 fannen eng gutt Mëschung aus Theorie a Praxis, setzen sech dofir an datt "Mat sech selwer eens ginn" e Schoulfach misst ginn an erkläre firwat Lëtzebuergesch aktuell nach déi "falsch" Sprooch ass fir iwwert psychesch Gesondheetsproblemer ze schwätzen.

10 - Een intime Jubiläum

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wëllkomm bei eisem Jubiläum! Mer si bei der 10. Episode vum „Schaarfen Ueleg“ ukomm. An do ass eis opgefall, dass der eigentlech nach ni esou richteg d'Chance krut de Chris a n d'Julie e bësse besser kennen ze léieren. Zäit dat ze änneren! Dofir gitt der zum Beispill des Episode gewuer, firwat de Chris dem Julie „säin Éischten“ ass beim Eldo, oder wat fir Problemer déi zwee mat Autosplacken hunn. Donieft ginn awer och ënnert anerem iwwert Corona-Aktivitéiten, Sport-Virléiften oder komesch Goûte geschwat. An de Chris ronnt d'Episode mat enger Demonstratioun vu senge Gesangskënscht of.

9 – Joss den Hellen – Attitüüüüüüüd!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nuddele mat Trüffe zerwéiert vum Kim Kardashian, Hunnegdrëpp als Nationalgedrénks an Attitüde – de Jos den Hellen mécht et méiglech! Eigentlech heescht hien Daniel Moutinho an ass Farleerer. Als Stand-Up-Comedian ewéi och mat sengem Alter Ego bréngt hien de Lëtzebuerger hir Mondwénkelen zum Wackelen a suergt fir e bëssen Ofwiesslung am Alldag.

Wéi gesäit d’Comedy-Zeen hei am Land aus, wou si seng Grenzen a wéi geet hie mat Feedback ëm? D’Äntwerten op déi Froen an e puer Raibergeschichte vun der Bün kritt dir an där neier Episod.

8 – Bréisseler Attentater : “Et denkt een net direkt un eng Bomm“

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der neier Episod hunn d'Julie an de Chris et mam Dokter Daniel Patricio ze dinn. Aktuell mécht hie seng Spezialisatioun vum Anästhesist zu Bréissel. Hien zielt hinne wéi d'Bréisseler Attentater aus dem Joer 2016 dës Decisioun mat beaflosst hunn, a wéi dësen Dag fir d'Secouristen an d'Urgencen zu Bréissel ausgesinn huet. Ma als Bréisseler Student, huet den Daniel hinnen awer och e puer Saachen iwwert de „Baptême“ zu Bréissel verroden, oder villäicht och net?

7 – Chaos um Broadway

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Schauspillerin, Entertainerin, Sängerin - scho säi ganzt Liewe laang steet d'Adrienne Haan op den Theater-Büne ronderëm d'ganz Welt. Mat him schwätzen d'Julie an de Chris iwwert de Chaos um Broadway, de Konkurrenz-Kampf am Business an d'Zukunft vum Kultur-Secteur.

Donieft gëtt aus dem Publikum mat Iesse geheit an op Kommando gekrasch.

6 - Huel den Deckel dach erof!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Alles nei beim Schaarfen Ueleg: Nei Stëmm, e puer pikant nei Rubriken a vun elo un zwee Mol de Mount. Eng Saach bleift awer beim Alen: Et gëtt all Episod en Invité! Dës Kéier op Besuch ass de Jan – ATM an der Radiologie zu Ettelbréck am Spidol. Mat him schwätzen d’Julie an de Chris iwwert den Challenge a sengem Beruff, iwwert d’Coronakris an iwwer mëssgléckte Sexual-Praktiken.

3 - E Kuss fir de Bus(chauffer)

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Endlëch erëm en Invité! Mam Buschauffer Jeff schwätzen de Ben an de Chris doriwwer, wéi et ass hei zu Lëtzebuerg Bus ze fueren.

Ausserdeem: Flott Hënneren, Buschaufferen déi schwaarz fueren a ganz uerg Raibergeschichten iwwer déi een haut laacht.

About this podcast

Fir dem Chris an dem Julie hire Podcast brauch dir iech net waarm unzedoen, "schaarfen Ueleg" dreift iech och esou d'Schweesspärelen op d'Stir. Fir all Folleg si mir op der Sich no skurrillen, interessanten an aussergewéinleche Mënschen, déi eppes ze zielen hunn. Mir stellen déi Froen, déi eis op der Zong brennen.

Eemol de Mount op eldo.lu an all de bekannte Podcast-Plattformen!

by Julie Dupont, Chris Reuter

Subscribe

Follow us